+352 691228768

Mäin Dram ass eng Gesellschaft wou d’Opmierksamkeet, d’Fäegkeeten an den Engagement sech lount. Wou d’Talent, den Entrepreneurship, d’Initiativ wichteg sin, awer ouni déi Leit mat méi schwierege Liewensbedingunge wéi eis eegen, ze aus den Aan ze verléieren?

Ech sinn als President vun der CSV international virun e puer Joer zeréckgetrueden,  aus perséinlechen Grënn. Zënterhier huet d’Welt sech geännert, awer net d’CSV. Nodeems ech e puer Joer vun der lëtzebuergescher Politik fort war, hunn ech gemierkt, datt ech als Auslänner, meng eege Kontroll iwwerhuele muss, an politesch Affairen involvéiert bleiwen muss, awer virun allem Verantwortung iwwerhuelen muss.

Lëtzebuerg, ass eng Gesellschaft déi gepräägt ass vu Sécherheet, Fräiheet, Wuelstand, bal gratis Gesondheet an Ausbildung, a Méiglechkeete fir jiddereen. Eng Gesellschaft wou et besser ass ze liewen, wéi déi meescht aner Länner. Mir si kleng a mir musse séier kënnen op extern Ännerunge reagéieren kënnen. DenAfloss vun der neien Technologien brécht déi soss zolidd Plattform, déi virausgesinn a gebaut gi wor, vun der fréierer CSV Leedung. Wou wier Lëtzebuerg gewiescht, wann et net fir dem Pierre Werner säin Iwwergang vu Stol op Satellitte wier, de Santer an de Juncker géifen de “Crème um Kuch” mat der Bank Industrië bäifügen.

Awer et ass Zäit nei Industrien ze fannen fir d’Wuel vun eise Kanner an Enkelkanner z’ënnerstëtzen. Och wann d’Finanzindustrie zu Lëtzebuerg nët ganz verschwënnt, wärte mir vill vun den Aarbechtsplazen verléieren. Ënner anerem ännert AI séier ons Welt, Lëtzebuerg abegraff; dat heescht datt Aarbechtsplaze kënne automatiséiert ginn, an duerfir manner Leit gebraucht ginn. D’Natur vun der Aarbecht wäert sech weider änneren, an dat erfuerdert staark Ausbildungs- a Weiderbildungsprogrammer. De Weltwirtschaftsforum stëmmt zou: “A bal alle Branchen, verkierzt den Impakt vun technologeschen an aneren Ännerungen d’Drobarkeet vun de existente Fäegkeeten vun de Mataarbechter. . .. D’Talent fir d’Verännerungen ze managen, ze gestalten an ze féieren, ass knapps; ausser mir ënerhuelen haut schons eppes fir daat Talent z’entwéckelen. Geschäfter musse Talententwécklung an zukünfteg Salariatstrategie virun an am Zentrum fir hire Wuesstem setzen. Firmen därfen net méi passiv Konsumente vu fäerdegem Human-capital sinn. Si erfuerderen en neie Mind-Set fir hiren Talentbedierfnesser gerecht ze ginn. “

Also, meng Fro ass, kann d’CSV deen Iwwergang managen, oder si mir nach ëmmer am alen Gedankewee agespaart?

Ech gleewen datt mir d’Leit virun de System solle setzen; d’Politiker schafen de Kader awer sollen net un der Ausféierung dovun deelzehuelen. Dofir hu mir en ëffentleche Secteur. D’Spideeler gi besser vu Gesondheetsspezialiste geleet wéi vu Politiker, Schoulen besser vun Enseignanten wéi vu Bürokraten. Mir mussen iwwerdenken wéi mir Leadership un d’ëffentlech Institutiounen verdeelen, an net ëmmer op d’Parteifaarf kucken, éier mir Qualifikatioun vum Individuum kucken.

Wéi déi aktuell Regierung, ënnerstëtzen ech ee gréngen Iwwergang fir vu fossille Brennstoffer lass ze ginn. Awer an engem Tempo, an engem Cours, wou mir sécher stellen datt et ee positiven Impakt op eis Kompetitivitéit huet, an datt d’Käschte gläich iwwer d’Gesellschaft verdeelt sinn. Trefft déi aktuell Erhéijung vun de grénge Steieren net haaptsächlech nëmmen de Mëttelstand?

Lëtzebuerg gëtt vun der Blockpolitik regéiert ,wou d’Iddien aus der Oppositioun per Definitioun schlecht sinn, och wéi d’CSV um Rudder war. Wäert dat änneren wann d’CSV zréck an de Regierung geet? Déi Zort Denken mécht mech ganz midd vu Politik. Ech hätt gär datt mir anescht denken, anescht handelen, awer bleiwen wien mir sinn – awer op enger aner Manéier.

Wéi aner europäesch Länner hu mir vill politesch Parteien. Meng Partei ass d’CSV. Awer dat heescht net datt ech mat allem averstanen sinn, wat Fraktioun oder d’Parteileedung seet oder mécht. Heiansdo brauche mir eng Plaz wou mir Iddien verwerfen kënnen, déi net onbedéngt am Parteiprogramm sinn. Awer dat heescht net datt se schlecht Iddien sinn. Duerfir denken ech datt et Plaz fir eng nei Bewegung an der Partei ass. Mir brauchen Erneierung, a mir brauchen se elo. Ech géing gär eng Bewegung ze gesinn déi net op Alter, Geschlecht, Ausbildung oder Aarbecht an Hierkonft fokusséiert ass. En engagéiert politescht Netzwierk fir anerer ze begeeschteren sech z’engagéieren, onofhängeg vu Parteistrukturen an alen Astellungen – Eng CSV 2.0

Ech géif et definitiv probéieren. – Géifs du?